Sören Nissen kréint sech op en Neits zum Landesmeeschter

13.10.2019

329 Coureuren waren am Ganze fir déi verschidden Strecken ageschriwwen, ënnert hinnen 3 Dosen Mountainbike-Spezialisten.

Déi sinn nämlech ëm de Landesmeeschtertitel gefuer. De 75 Kilometer laange Parcours goung duerch e groussen Deel vun de Bëscher vum Minett, vum Belval iwwer Esch, Rëmeleng, Keel, Téiteng, Schëffleng, Esch zeréck op de Belval.

Den Sören Nissen war vum Depart u virop, huet den Tempo diktéiert an et huet net laang gedauert, bis hien als eenzege Lëtzebuerger un der Spëtzt louch. Hannert him war den Vincent Dias dos Santos. Den Téitenger, deen am éischten Drëttel emol gefall an e Platten krut, konnt ni méi bei den Dikrecher opschléissen. Eise Cyclo-Cross-Champion gouf mat engem zolitte Retard vun enger véierel Stonn Vize-Champion, mä war trotzdeem mat senger Leeschtung zefridden.
Den Sören Nissen, deen d’Stréck 2 Mol an deene leschten Deeg ofgefuer war, gewënnt d’Course a gëtt wéi erwaart a ganz verdéngt nees Champion. De Podium huet den Tim Diederich vum Team Snooze komplettéiert.

Bei den Damme huet d’Carmen Coljon sech den Titel geséchert. Um Podium stoungen nach d’Mélanie Wünsch an d’Florence Feltes.